
Zanter dem Mëttwoch de Moie sinn eng Dosen nei Petitiounen online, déi bis de 29. Abrëll op d’mannst nach 4.500* Signatairë musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.
De Seuil vun néidegen Ënnerschrëfte gouf zwar vum leschte Samschdeg, also dem 15. Mäerz, u gehéicht, ma dat just fir Petitiounen, déi no dësem Datum eragereecht ginn. Fir d’Petitiounen, déi virum 15. Mäerz deposéiert goufen, zielen also nach déi al Modalitéiten. Leschte Freideg, de 14. Mäerz war d’Lëscht vun den neie Petitioune schonn eng kuerz Zäit online, wat op e Mëssel an der Chamber zeréckzeféiere war.
D’Fuerderunge vu de Petitionäre ginn nees vu bis. Just eng Kannerklinik am Land géif net duergoen an et misste Leitplanke viru Beem laanscht d’Stroossen opgeriicht ginn.
Da sollten d’Autosplacken anescht mussen um Gefier festgemaach ginn, fir dass ee se manner séier geklaut kritt an an der Schoul an op der Schaff sollt en Dresscode gëllen, fënnt eng Petitionärin.
E Referendum gëtt gefrot op Lëtzebuerg eng eegen Atomzentral soll bauen, fir eng Energieonofhängegkeet z’erreechen. Oder e weidere Petitionär hätt gär, dass E-Zigaretten, déi ee just emol benotze kann, solle verbuede ginn.
3587: PÉTITION POUR LE RETRAIT DU CODE CP1 DE LA CNS AU LUXEMBOURG
3585: Demande de Référendum : Pour ou contre la construction d’une centrale nucléaire au Luxembourg afin d’assurer notre indépendance énergétique.
3584: Proposition pour la Gestion Centralisée des Dépôts de Location par le Gouvernement Luxembourgeois
3583: Faciliter l’accès au logement pour les locataires ayant un animal de compagnie non catégorisé.
3582: Forderung nach einer strengeren Bestrafung von Hass und Gewalt, insbesondere durch verbesserte Überwachung sozialer Netzwerke
3577: Demande que le gouvernement reconnaisse l’utilisation de l’énergie nucléaire pour remplir les objectifs de l’accord de Paris.
3576: Introduction de trams anciens sur les lignes de tram au Luxembourg durant la période estivale
3574: Interdiction de vente des cigarettes électroniques jetables sur le territoire Luxembourgeois
3573: Befestigung der Autonummernschilder für besseren Diebstahlschutz
3568: Améliorer la sécurité routière : installer des rambardes devant les arbres sur les routes nationales
3566: Kinderklinik - eine im Lande genügt nicht
3564: Dresscode in Schulen / Arbeit
*An enger éischter Versioun hate mer nach online, datt fir dës Petitiounen déi nei Modalitéite gëllen. Op Nofro bei der Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun gouf awer erkläert, datt déi nei Modalitéite just fir Petitioune gëllen, déi zanter dem 15. Mäerz eragereecht goufen.