Dräikinnekskuch um DräikinneksdagEng Geleeënheet, fir d'Handwierk vum Bäcker virzestellen

RTL Lëtzebuerg
Dräikinneksdag steet virun der Dier. Zu deem Dag gehéiert a ville Länner de Brauch vum Dräikinnekskuch.

Dräikinneksdag / Reportage: Carla Schuller

Dës Woch hunn hei am Land verschidde Bäckereien dees Kuch gratis verdeelt, dat am Akafszenter Cloche d’Or.
Dës Bäckesch-Traditioun gëtt et scho méi wéi e véierels Joerhonnert a se gëtt als Geleeënheet ugesinn, de Beruff no baussen ze presentéieren.

Den Dräikinnekskuch, wie kennt en net? Traditionell ass dee gefëllt mat Mandelen a Marzipan. Wat déi mannst Leit awer wëssen, ass dass de Kuch op e Fest vun de Réimer soll zeréckgoen. De Kuch bedeit natierlech, datt direkt no de Feierdeeg an de Bäckereien nees ugerappt gëtt. Dat wier net ëmmer ganz einfach, wéi de Jean-Marie Neuberg, Chef vu Jos & Jean-Marie, erkläert:

“Et ass net de Problem, fir déi Woch d’Kuche rauszekréien, mee déi Woche virdrun hate mer och schonn e bësse Stress mat Chrëschtdag a Silvester. Do kënnt Dräikinneksdag heiansdo e bësse méi séier wéi erwaart. Do muss ee sech an och déi ganz Ekipp zesummerappen an da kritt een dat gemaach.”

Den Dräikinnekskuch géing ëmmer méi beléift ginn. De Luc Meyer, President vun der Fédération des Artisans:

“Et ass eppes, wou ee Wäert héichhält an eng Traditioun weiderféiert, déi mir schonn als Kanner vermëttelt kruten an elo un eis Kanner weider vermëttelen. Mir stellen och eist Handwierk duer, well et e schéine Beruff ass, an deem ee kreativ ka sinn an och mat anere Betriber kann zesummeschaffen. Haut hu jo och méi Betriber participéiert. Jiddereen huet eng aner Galette gemaach mat engem anere Goût. Herno ass dat wichtegst, dass Clientë frou sinn, e Laachen am Gesiicht hunn a sech un eppes kënnen erfreeën, dat hinne gutt geschmaacht huet.”

Den Dag ass awer och eng Méiglechkeet, fir d’Handwierk vum Bäcker virzestellen an ze valoriséieren. Virun allem kleng Betriber gëtt et ëmmer manner.

Och no de Feierdeeg gëtt et also nees eppes fir an de Bauch. Do riskéiert een, verschidde Virsätz fir d’neit Joer elo schonn opzeginn.

Back to Top
CIM LOGO