D'Liwwerunge bei d'Gastronome lafen hei dëser Deeg op Héichtouren, och wann d'Nofro, duerch d'Nervositéit bei de Clienten, sech éischter zeréckhält.
Laang Woche war et roueg bei der Provençale. Mat der Reouverture vun de Restauranten a Caféë kënnt de Betrib zu Leideleng nees lues awer sécher un d'Rullen. 35.000 Commandë koumen an der Nuecht op e Mëttwoch eran - e luesen Dag bei der Provençale. D'Nervositéit bei de Restaurateure bleift grouss, dat géif een och bei de Commandë spieren.
"Se wëssen alleguerten nach net, wat se solle bestellen. Se wëssen net, ob d'Clientèle elo erëmkënnt. Traue se sech op eng Terrasse oder net?", esou de Jo Studer, Associé-Gérant bei de Provençale.
Déi gréisst Erausfuerderung den Ament ass, Clienten ze beliwweren, wou de Frigo fir déi éischte Kéier komplett eidel ass. En anere Genre vu Commanden, dee méi Aarbecht an Zäit an Usproch hëlt. Et wier ee sportlech ënnerwee. All Dag muss ëmgeplangt ginn.
"Mir hu keng Erfarungswäerter. Mir hunn nach ni esou vill Restauranten, déi guer kee Stock haten, vun 0 op 100 esou missen zerwéieren. Dobäi kënnt, datt mer selwer nach Problemer mam Personal hunn, dat krank ass oder net do. Esou datt et sportlech gëtt. Jidderee muss an dëser Situatioun e bësse Gedold weisen.", betount de Georges Eischen vun der Provençale.
Knapp ¾ vun de Liwwerungen, déi op engem normalen Dag géifen erausgoen, goufen e Mëttwoch ausgeliwwert. An de leschte Woche goufen et Abousse vu bis zu 70% vum Chiffre d'Affaire.
"Et ass elo méi e positive Stress, well een awer gesäit, datt eppes geschitt an ee virukënnt. Och wann ee sech elo nees muss aner Froe stellen.", esou nach de Jo Studer.
D'Fro vum Stock vu gewëssene Liewensmëttel ass et emol net. D'Liwwerungen aus dem Ausland géifen ukommen, et wieren also keng gréisser Rupturen ze erwaarden.
"Do gesinn ech elo net de Problem, datt Wuer wäert feelen. Mä d'Wuer kann emol eng Kéier déi eng oder aner Stonn méi spéit bei engem Client ukommen, ewéi een dat normalerweis gewinnt ass. Mir mussen eis och an der Logistik all Dag nei organiséieren.", erkläert de Georges Eischen.
Wat awer net soll drun hënneren, datt d'Restauratioun ewéi geplangt spéitstens e Freideg mat volle Frigoen nees kann opmaachen.
