
Éischten Informatiounen no wier eng Maschinn an der Produktiounshal vun enger Fabrick fir Verpackungen a Brand geroden. Kengem wier eppes geschitt, wéi et op der Plaz vum CGDIS op Nofro geheescht huet. D’Feier war bannent enger Stonn ënner Kontroll. Et géife Ventilatore agesat ginn, fir den Damp aus dem Gebai ze kréien.
Wärend deem gréissere Pompjeesasaz.war et den Opruff, d’Streck N31 am Beräich Käerjeng/Péiteng an d’N830 a Richtung Belsch Grenz z’evitéieren.
Op der Plaz waren d’Pompjeeë vun Esch, Péiteng an aus der Stad souwéi d’Asazekippe vu Suessem-Déifferdeng (Sadiff).