
Den Inflatiounstaux ass op déi lescht 12 Méint gekuckt liicht erofgaangen, vun 3,2 op 3,1 Prozent. Dat huet de Statec e Méindeg matgedeelt a präziséiert, wéi eng Wuere fir d’Baisse responsabel sinn, datt den Taux fält, a wat alles méi deier gëtt. Méi deier goufen zum Beispill virun der Ouschtervakanz d’Fligerticketen. Am Mäerz sinn déi ëm 8,1 Prozent par rapport zum Februar geklommen. Och Vakanzepackagen goufe méi deier, do war et eng Hausse vu bal 6 Prozent.
Da sinn d’Tariffer fir d’Crèchen an d’Dagesfoyere fir d’Kanner geklommen, an och d’Liewensmëttel goufen am Allgemenge mat 0,3 Prozent liicht méi deier, wéi de Mount virdrun. Allerdéngs hänkt et bei de Liewensmëttel vill dovunner of, wat ee keeft.
Ugezunn hunn d’Präisser beim Olivenueleg (deen ass ëm 8 Prozent eropgaangen), bei Iesse fir Puppelcher, bei Mieresfriichten a bei Schockela. Do war et virun Ouschteren eng Hausse vu bal 4 Prozent.
Méi bëlleg wéi am Februar gouf dann zum Beispill awer dat frëscht Geméis, frësche Fësch a Gromperen. No Vältesdag ass iwweregens och de Präis vun de Schnëttblumme gefall.
Méi bëlleg goufen am Mäerz donieft d’Pëtrolsproduiten, virop den Heizungsmasutt. Dee kascht 4,6 Prozent manner, wéi de Mount virdrun. Op der Pompel ass et den Diesel, deen erofgaangen ass. De Bensinn par contre ass e bësse méi deier ginn.
Iwwert ee Joer gekuckt bleift den Inflatiounstaux mat 3,1 Prozent awer nach ëmmer iwwert den zwee Prozent, déi déi Europäesch Zentralbank uviséiert. Am aktuelle Rhythmus vun der Deierecht dierft déi nächst Indextranche fir dat lescht Trimester dëst Joer sinn.