Hei am Land fënnt een d’APEMH op véier verschiddene Sitten. Zu Betteng un der Mess, Lampech, Housen an zu Beetebuerg, wou si sech ëm de Märchepark këmmeren.
Zil vun der ASBL ass et, de Mënsche mat enger mentaler Beanträchtegung d’Chance ze ginn, Fouss an der Gesellschaft ze faassen. “Jiddereen, deen eng Pai huet, huet och Accès an d’Gesellschaft”, esou d’Carine Schreiber, Responsabel vum Lampecher Site am RTL-Interview. “Fir eis Leit ass et wichteg, datt si un der Gesellschaft deelhuele kënnen. Inclusioun geet och nëmmen iwwer de Wee vun enger Aarbecht”.
Zu Lampech schaffen den Ament eng 100 Mënsche mat enger geeschteger Beanträchtegung. Si hunn en Aarbechtskontrakt. “Mir hunn en Aarbechter a kreéieren eng Plaz ronderëm”, sou d’Carine Schreiber. “Wichteg ass ze kucken, wat kann de Mataarbechter a wat brauch ee vun Hëllefsmëttel, fir déi behënnert Persoun z’integréieren? Wann ech net ziele kann, da geet dat awer bis 10 an ech als Educateur muss da wëssen, wat kann ech do maachen, fir dass dat awer ka klappen”.
Wichteg wär et, dass et ëmmer erëm déi selwecht Ofleef ginn an dass d’Personal sech och un des hält. “D’Fatz fir de Spigel ofzebotzen, misst eng aner Faarf hunn ewéi déi, déi geholl gëtt, fir d’Toilette propper ze maachen”. Sou kéinten d’Leit autonom schaffen a wären net ëmmer ofhängeg vum Personal.
Bei engem Mënsch, deen en IQ ënner 70 huet, gëtt vun engem intellektuellen Defizit, enger intellektueller Beanträchtegung geschwat. Zanter 2004 gëtt et d’Gesetz vum Revenu fir den “travailleur handicapé”. Doduerch ass eng Persoun mat engem Defizit an d’Gesellschaft integréiert. “D’Begleedung an der Gerance vun de Suen ass fir Mënsche mat engem mentalen Defizit wichteg. Dës Leit hätten dacks kee Begrëff, wat et bedeit, Suen ze hunn”, sou nach d’Carine Schreiber vun der APEMH. Si ass Educatrice graduée vu Formatioun.
Zanter dem 2. Mee 2024 gëtt et d’Epicerie vun der APEMH zu Lampech. Hei kritt een eng ganz Panoplie un Artikelen ze kafen. De Gros dovunner gëtt vun de Leit, déi bei der APEMH schaffen, hiergestallt. Sou schafft zum Beispill de Francis Duprel zanter laange Joren hei. Zesumme mat den Aarbechtskolleege mécht hien Hondskichelcher.
“Keen Dag ass d’selwecht”. Esou de Sam Biwer. De jonke Mann schafft als Erzéier zu Lampech. “De Leit, déi een encadréiert, eng flott an ofwiesslungsräich Aarbecht ubidden”. Dat wär wichteg, esou den erfuerenen Educateur. De Sam Biwer weess awer och, op wat et an dësem Job ukënnt.
D’Leit mat enger mentaler Beanträchtegung sollen net beschäftegt ginn. Hir Stäerkte sollen erkannt ginn an deementspriechend am Aarbechtsoflaf agesat ginn. D’Wäertschätzung wär ganz wichteg, sou nach d’Carine Schreiber.