Police gëtt PrezisiounenEng Persoun bei Hausbrand zu Ëlwen liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war zu Ëlwen an der Rue d'Asselborn e Feier an engem Haus ausgebrach.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Flame ware relativ séier ënner Kontroll, wéi et en Dënschdeg den Owend gutt eng Stonn méi spéit vun der Plaz geheescht huet. D’Police huet e Mëttwoch de Moien nach gemellt, dass sämtlech Bewunner d’Gebai scho verlooss haten, wéi d’Secouristen ukoumen. Eng Persoun gouf beim Virfall liewensgeféierlech verwonnt a koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol. Weider geet aus dem Bericht ervir, dass d’Police technique mat den Ermëttlunge beoptraagt gouf.

Back to Top
CIM LOGO