
Géint 6.15 Auer gouf an der Route de Diekirch op der Bollenduerfer Bréck eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Nieft den Ambulancière vun Esch an de Pompjeeë vu Bäerdref war hei och den Noutdokter vum Samu vun Ettelbréck op der Plaz.
Géint 10.20 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech um CR110 tëscht Käerch an dem Wandhaff en Auto iwwerschloen huet. Hei waren d’Ambulanciere vu Réiden, d’Pompjeeë vu Stengefort an de Rettungshelikopter op der Plaz.