133 amplaz 70 km/hEng Persoun méi ouni Fürerschäin

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Vitesskontroll an der Nuecht op en Dënschdeg ass op der A3 Richtung Stad en Automobilist gepëtzt ginn, dee vill ze séier ënnerwee war.

De Chauffer gouf op der Héicht vun der Aire de Berchem mat 133 km/h gemooss, wat jo eigentlech op enger Autobunn elo net sou wäit aus de Féiss ass. Hei sinn awer aktuell just 70 km/h erlaabt. Deemno war den Automobilist 63 km/h iwwert der erlaabter Vitess an en huet mussen de Fürerschäin ofginn.

Back to Top
CIM LOGO