CGDIS melltEng Persoun no Kollisioun mat Bam blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg um 13:27 Auer war um CR308 tëscht Gréiwels a Rammerech een Auto an e Bam gerannt.
© RTL

D’Pompjeeë vu Gréiwels, eng Ambulanz vu Réiden an de Samu vun Ettelbréck waren op d’Plaz gefuer, fir dem Blesséierten ze hëllefen.

Een Accident gouf et dann nach um 16:35 Auer zu Miersch an der Allée John W. Leonard, wou een Auto an eng elektresch Trottinett sech ze pake kruten. Bei dësem Tëschefall gouf kee Blesséiert.

Um 12:19 Auer war dem CGDIS dann ee Feier an der Rue St. Ulric an der Stad gemellt ginn. Eng Kiche war hei a Brand geroden an huet eng Persoun blesséiert. D’Pompjeeën aus der Stad an eng Ambulanz vu Beetebuerg waren op der Plaz.

Gebrannt hat et dann e Méindeg bei engem gréissere Asaz bei der Goodyear zu Colmer-Bierg. D’Pompjeeë vu Biissen, Colmer-Bierg, Groussbus, Lëntgen, der Stad, Miersch, der Nordstad, Useldeng a Viichten waren op d’Plaz gefuer. Donieft och eng Rei Ambulanzen aus der Nordstad, Réiden, der Stad an de Samu vun Ettelbréck. Wéi eis Journalistin op der Plaz gewuer ginn ass, wieren eng zéng Persoune wéinst dem Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol komm.

Back to Top
CIM LOGO