Immobiliësecteur leeft nach luesEng Reprise am Bau, mat awer engem "Lach" dotëscht?

RTL Lëtzebuerg
Den Immobiliëmarché an de Bau sinn an der Kris, zanter d'Zënse viru bal zwee Joer ugefaangen hunn an d'Luucht ze goen.
Eng Reprise am Bau, mat awer engem "Lach" dotëscht?
Den Immobiliemarché an de Bau sinn an der Kris, zanter d’Zënse viru bal zwee Joer ugefaangen hunn an d’Luucht ze goen.

D’Zuel vun den Immobilien-Transaktiounen ass op ee Joer gekuckt ëm en Drëttel zeréckgaangen. Am Secteur gëtt et dëser Deeg awer virsiichtegen Optimismus: d’Zentralbanken hunn d’Zënsen déi lescht Méint net méi an d’Luucht gesat an deiten op eventuell Baissen an e puer Méint hin. D’Präisser hu sech liicht no Ënnen ajustéiert an d’Regierung huet jo eng Rei Mesuren ugekënnegt, fir d’Demande nees ze stimuléieren.

D’Kris am Bau- an Immobiliësecteur, respektiv d’Reprise, sinn awer a puer Hisiichte souzesoen “elastesch”. An anere Wierder: déi lescht Méint konnten eng Rei Betriber hir Carnets de Commande opschaffen, mee bis eng nei Demande sech an de Carneten erëmspigelt, riskéiert et eng Zort “Lach” ze ginn, fäert de President vun der Chambre Immobilière, de Jean-Paul Scheuren.

A sengen Ae wier et och am Moment e gudde Moment fir ze kafen: d’Präisser hätte sech no ënnen ugepasst, d’Zënse sech stabiliséiert (ginn deels souguer liicht zeréck). Beim Bestand, also Wunnengen, déi scho gebaut sinn, hätt een och schonn eng liicht Reprise festgestallt. De Fabrice Poncé, de Vetrieder vun den Interimsgesellschafte bei der Fedil, confirméiert eng liicht Reprise. Eng kloer Reprise gesäit hien am September viraus. Elo bräicht ee bësse Gedold an Zesummenhalt. Och hie fäert, datt gewëss Beruffer am Génie Civil, déi elo nach vill gefrot waren, an den nächste Méint eréischt d’Kris ze spiere kréien. Nees eng “Elastizitéit” an der Reprise also.

Wéi vill Plazen huet d’Kris kascht?

D’Kris am Immobilien- a Bausecteur kéint um Enn also éischter e Schock gewiescht sinn. E Schock, deen awer puer Faillitte verursaacht huet an Aarbechtsplaze kascht huet. Dem Statec no si bis Enn Februar, par Rapport zum Héichpunkt am Oktober 2022, 2.500 Plazen am Bausecteur verschwonnen. Am Bausecteur sinn, respektiv waren, awer och eng geschaten 2.000 Interim-Aarbechter aktiv. Dem Fabrice Poncé no wier deen Effectif ëm 20-25 Prozent zeréckgaangen. Hie fäert, datt eng Rei vun deenen Aarbechter – dacks eeler Portugisen – net méi wäerten zeréckkommen, wann de Marché nees dréint.

De Jean-Paul Scheuren fäert dat och wat Beschäftegter aus den Immobilienagencen ugeet, well och bei deene goufe Plazen ofgebaut. De President vun der Chambre immobilière schwätzt vu 15 Prozent. Wat him virun allem opgefall ass, dat ass datt virun der Kris 3.000 bis 4.000 Leit de Certificat wollte maachen, fir Agent ze ginn, an elo wier een éischter bei 200-300 Leit.

Och betraff vum Réckgang vun der Aktivitéit am Immobiliësecteur sinn d’Notairen. Déi 36 Notairesetüde beschäftegen alles an allem ronn 300 Leit. Wéi d’Presidentin vun der Chambre des notaires, d’Martine Schaeffer ons erkläert huet, sinn déi verschidden Etüden awer a verschiddene Beräicher spezialiséiert. Si wéisst vun zwou Etüden, déi zwee oder dräi Mataarbechter hu mussen entloossen. D’Notairë géingen awer dovunner ausgoen, datt ee just an enger Iwwergangsphas wier.

Back to Top
CIM LOGO