Alkohol um SteierEngem Policeauto d'Virfaart geholl an duerno versicht, ze flüchten

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet e Chauffer engem Policewon d'Virfaart geholl.

Dat op der Kräizung vun der Avenue Emile Reuter mam Boulevard Prince Henri an der Stad. Dobäi wier et bal zu engem Accident komm.

D’Beamten hunn de Mann doropshi mat Handzeechen opgefuerdert, hinnen nozefueren. Dësen huet d’Opfuerderung awer ignoréiert an ass mat héijer Vitess iwwer d’Tramsschinnen a Richtung Stäreplaz gefuer. Et ass zu enger Course Poursuite komm, déi hiren Enn op Héicht vun der Tankstell op der Areler Strooss fonnt huet.

D’Polizisten hunn de Mann kontrolléiert, woubäi dëse sech ganz onkooperativ verhalen huet. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO