
De Chômagetaux ass op 6,4% geklommen, an dat obwuel d'Zuel vu fräien Aarbechtsplazen eropgaangen ass. Enn Juni 2026 waren 19.619 Leit bei der ADEM Ageschriwwen. Dat ass e Plus vun 9,7 % par Rapport zum Joer virdrun. Besonnesch staark ass d'Hausse bei héichqualifizéierte Persounen an der Altersgrupp vun 30 bis 44 Joer.
Op der Säit vun den Entreprisë goufen leschte Mount insgesamt 3.167 fräi Aarbechtsplaze bei der ADEM gemellt, wat enger Hausse vu 7,2 % am Verglach mam Joer virdrun entsprécht. Enn Juni waren 7.081 Aarbechtsplazen disponibel.
Besonnesch gesicht si Fachleit am Beräich Bauplanung, sozial an edukativ Beruffer souwéi am paramedezinesche Secteur.