23 nei PetitiounenËnner anerem TikTok-Verbuet zu Lëtzebuerg a méi Police-Presenz gefrot

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg sinn 23 Petitiounen online, déi bis de 8. August op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

D’Fuerderunge vun de Petitionäre gi vu bis...

  • Emol d’Joer soll eng Bluttanalys och ouni Ordonnance vum Dokter kënnen gemaach ginn.
  • Eng Aarbechtszäitverkierzung am Spidols- a Fleegesecteur gëtt gefrot, fir den Job nees méi attraktiv fir Jonker ze maachen.
  • Eemol de Mount solle motoriséiert Gefierer sonndes net däerfe fueren.
  • Méi Police-Presenz.
  • TikTok soll am Grand-Duché verbuede ginn.
  • Immobiliëprête fir den Haaptwunnsëtz sollten op maximal 2% limitéiert ginn, fir den Immobilien- a Bausecteur nees unzekuerbelen.
  • Dat nationaalt Strofrecht soll fir Jonker vu 15 Joer u voll applizéiert ginn, fir der Jugendkriminalitéit entgéint ze wierken.

Déi ganz Lëscht fënnt ee wéi gewinnt um Site petitions.lu.

Back to Top
CIM LOGO