
Sou ass op der A4 a Richtung Esch e Gefier wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall, d’Police konnt dëst zu Esch an der Route de Luxembourg stoppen. En Alkoholtest ass positiv verlaf an d’Fuererin misst hire Fürerschäin ofginn.
Op der A4 a Richtung Hollerech war enger Policepatrull dunn en Auto opgefall, dee vill ze séier ënnerwee war an op der Héicht vun der Ausfaart Steebrécken ugehale gouf. Bei der Kontroll hunn d’Beamten e staarke Cannabis-Geroch wouergeholl, wouropshin eng Kontroll vun den zwou Persounen am Auto a vum Gefier selwer duerchgefouert gouf. Dobäi konnten och Droge fonnt ginn an et gouf e Protokoll erstallt.
E weideren alkoholiséierte Chauffer ass der Police an der Strooss Op Ruchat zu Donkels opgefall. Dëse war mat sengem Gefier hänkebliwwen. Och hei gouf de Permis agezunn.