
Dofir huet de Ministère nei Subventiounen agefouert. Bis zu 120.000 Euro pro Spidol ginn dofir mobiliséiert, jee nodeem wéi vill Deeg an der Woch fir de Projet virgesi sinn. Déi véier Projeten, déi fir déi éischt Oplag vun dëser Ënnerstëtzung erausgewielt goufen, sinn en Dënschdeg de Mëtteg presentéiert ginn. Ee vun dëse Projete gëtt vum Dokter José Batista da Costa an Zesummenaarbecht mat de Robert-Schuman-Spideeler realiséiert. De Spezialist an der Urologie sammelt Tissu, Blutt an Urinprouwe vu Patiente mat Blosekriibs a Prostatakriibs, fir besser ze verstoe firwat Traitementer heiansdo besser an heiansdo manner gutt uschloen. “D’Zukunft vun der Recherche an der Kriibsfuerschung ass, dass een eng personaliséiert Medezin mécht, spréch Dir hutt Patienten, déi hunn en Aspect histopathologique, dee genee d’selwecht ass, mä mir hunn da wierklech en Outcome, dee komplett aneschters ass. Vice versa hutt der Leit, déi äntwere ganz gutt op verschidden Traitementer, anerer guer net. An haut hu mer leider Gottes nach net, also net iwwerall, mä nach net wéi mer wéilten d’Markeure fir dës Patienten z’identifizéieren.”
Am CHL gëtt eng Equipe ënnerstëtzt, déi sech ënnert anerem mat héijem Cholesterol bei Kanner beschäftegt. Iwwert de Projet vun der Dokter Marianne Becker hate mir och schonn am Februar beriicht.
Den Dokter José Alexandre Carvalho Pereira schafft am Rehazenter an enger Equipe, déi sech ëm Patiente mat neurologesche Problemer këmmert, déi zu Spastizitéit féieren, wou sech d’Muskele staark verkrampfen. Säi Projet ass am Beräich vun der sougenannter “Kryoneurolyse”. Hei ginn Nerve geziilt gefruer, fir datt d’Muskele sech net méi verkrampfen an d’Patiente keng Péng méi hunn. Dat wier eng méi laangfristeg Léisung, wéi dat wat een elo kéint maachen.
“C’est un grand avantage. L’autre avantage c’est que c’est minimalement invasif. Parce que la vraie alternative c’est d’aller sur un bloc opératoire et détruire les nerfs au bloc opératoire. Vous imaginez qu’il faut mobiliser toute une équipe, il faut faire une anesthésie, ce sont des patients qui sont difficiles à installer, qui sont fragiles d’un point de vue santé, donc si on peut éviter cette étape et faire un geste plus léger, c’est un grand avantage.”
De Projet wier och wichteg, well d’Zuel vu Patienten déi u Spastizitéit leiden am gaange wier an d’Luucht ze goen.
De Projet aus dem CHNP zu Ettelbréck, dee vum Ministère ënnerstëtzt gëtt, dréit sech ëm Long- oder Post-Covid Patienten. Et soll ënnersicht ginn, op Faaschten dëse Leit hëllefe kann, erkläert d’Dokter Raquel Gòmez Bravo.
“We have evidence already, that fasting reduces the inflammation in other conditions, like diabetes or arthritis rheumatoid. So we are going to apply it to Long Covid patients, because we also already have evidence, that it is improving the symptoms in the acute infection, when you are suffering Covid 19. So we hope to bring evidence, that this is happening in the Long Covid patients, so we can improve their symptoms.”
“Et gouf schonn nogewisen, datt d’Faaschten d’Enzündung bei anere Krankheete reduzéiert, wéi Diabetes oder rheumatesch Arthritt. Mir applizéieren dat also bei Long Covid Patienten, well et ass och schonn nogewise ginn, datt d’Symptomer sech bei der akuter Infektioun mat Covid 19 verbesseren. Mir hoffen also, datt mir beweise kënnen, datt dat och bei Long Covid Patiente geschitt, an datt mir hir Symptomer verbessert kréien.”
10 bis 20 Prozent vun de Leit leiden no enger Infektioun mam Coronavirus u Long Covid, eleng an der Rehaklinik géing een aktuell 150 Patiente begleeden.