D’Naturschutzgesetz vun 2018 war vun Ufank u geduecht, fir de Leit Handschellen unzeleeën an ze kontrolléieren, wat an de Gréngzone gebaut an net gebaut gëtt. Esou reagéiert de Maître Georges Krieger op d’Ausso vun der Naturverwaltung, et misst ee sech un den deels ganz strengen Text a puncto Autorisatiounen halen, wann an der Zone Verte soll gebaut ginn. Dat ass falsch, seet den Affekot, deen den Ament mat esou Fäll befaasst ass.
Den Arrêt, dee seet, den Environnement misst sech ëm d’Verhältnisméissegkeet këmmeren, weist net mam Fanger op d’Gesetz, mee d’Verwaltungsgeriicht seet eben, d’Proportionalitéit géif an der Praxis net ëmgesat ginn.
De Proportionalitéitsprinzip steet an der Verfassung an deemno iwwert dem Gesetz
Vun Ufank un hätt een um neien Text vun 2018 gekniwwelt; d’Modifikatioun vum Mäerz dëst Joer hätt näischt changéiert. An du koum am Juli d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht: et géing virun allem ëm d’Interpretatioun vum Gesetz goen, also wéi et ëmgesat, applizéiert gëtt, erkläert de Maître Georges Krieger.
De Principe de Proportionnalité stéing kloer iwwert dem Gesetz a kéint ouni Problem ugewannt ginn. Dat hätt de President vun der Cour administrative selwer op RTL confirméiert, erënnert sech de Maître Georges Krieger a gëtt e Beispill: wann een e Wee viru sengem Haus an der Gréngzon wëll nei maachen, de Fierschter gesäit, dass deen ale Wee erausgerappt gëtt a soll ersat ginn, kéint de Fierschter soen, et wier guer kee Wee do gewiescht an déi nei Constructioun an der Zone Verte wier deemno verbueden. Esou e Verbuet wier genee déi absurd Applikatioun, vun där hei rieds géing, sou de Jurist an Affekot.
Eng absurd Applikatioun vum Gesetz vun 2018
D’Verwaltung géif honnertprozenteg all Demande au cas par cas kucken! Hir Aufgab als ANF wier ze kucken, a wéi wäit d’Dispositiounen et géingen erlaben, eppes z’autoriséieren oder net, erkläert den Directeur adjoint vun der ANF; op verschiddene Punkte wier d’Gesetz relativ präzis. Mee natierlech kéinten d’Leit domadder net d’accord sinn an déi méiglech Recoursen huelen, weess de Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung an do responsabel fir d’Autorisatiounen.
All Dossier gëtt au cas par cas an d’selwecht behandelt, seet d’Naturverwaltung
Am Juli hätt d’Geriicht gesot, si léiche falsch an déi Jurisprudenze géifen natierlech eescht geholl ginn an et géifen elo nei Decisioune geholl ginn, déi deem gerecht géife ginn. A genee dat wier e Verstouss géint d’Verhältnisméissegkeet, eng Decisioun, wéi wann de gesonde Mënscheverstand ausgeschalt wier.
Elo géif bestëmmt iwwer déi Proportionalitéit geschwat ginn, mee dësen Arrêt wäert eis keng Zauberformel ginn, wéi mer an Zukunft wäerte schaffen, sou d’Prognos vum Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung. Et misst ee sécher ëmmer nach all eenzelen Dossier kucken. D’Prinzippie wäerte mat am Hannerkapp sinn an da géifen d’Fäll och esou analyséiert ginn.
Elo ass et net méi un der Administratioun, mee un der Politik, ze zauberen, menge mir. An déi Zauberformelen intresséiere bestëmmt och d’Deputéiert aus der Ëmweltkommissioun, fir déi jo ugangs der Woch eng Réunion d’urgence ugefrot ginn ass, déi steet wuel spéitstens fir d’Rentrée un.
Déi nei Ministesch stéing egal wéi virun enger Erausfuerderung, sou de Maître Krieger.
Episod 1: D’Verwaltungsgeriicht - E Geriicht, dat den Equiliber a Léisunge sichtEpisod 2: Arrêt vum Verwaltungsgeriicht - En explosiivt Urteel mat Konsequenzen Episod 3: Entwarnung fir Bauerebetriber: Gefroten Impaktetüde ginn zréckgezunn Episod 4: Ongewëssheet ëm neit Agrargesetz, Bauere plange Maniff