E Bett fir d'NuechtEsch kritt en neien Abrisud

Diana Hoffmann
D'lescht Woch gouf am Escher Gemengerot de Projet fir en neien Nuetsfoyer eestëmmeg ugeholl.
Esch kritt en neien Abrisud
D’lescht Woch gouf am Escher Gemengerot de Projet fir en neien Nuetsfoyer eestëmmeg ugeholl.

“Lo steet näischt méi am Wee”, seet en zefriddene Sozialschäffen. De Bruno Cavaleiro weess, dass et Kritik gouf, dass de Projet fir en neien Abrisud esou laang gedauert huet. Mä hie fënnt dës net legitim. 2019 huet d’Gemeng en neit Gebai fir den Abrisud kaf. Du koum Covid, ma dono wier alles ganz séier gaangen. Ausserdeem géing et näischt bréngen, elo no hannen ze kucken, sou de Schäffen.

Esch kritt en neien Abrisud / Diana Hoffmann

Den aktuellen Abrisud an der Rue Berwart, net wäit vum Friddensgeriicht, war 2007 eigentlech als Provisorium geduecht. An engem roude Container-Bau stinn op zwou Etagë Better fir 18 Persounen. Dovunner si 4 Better fir Urgencë virgesinn. A 4 Dortoiren, getrennt no Geschlecht, sti jeeweils bis zu 5 Better. Um Rez-de-chaussée sinn eng kleng Wäschkichen, Schief, Duschen, en Iesszëmmer an e klenge Personalbüro, wou 6 Sozialaarbechter schaffen.

Den aktuellen an zukünftege Projet wier als Ganzes ze verstoen, erkläert de Bruno Cavaleiro. D’Leit kommen net just tëscht 17 an 9 Auer, fir ze schlofen. Si kréichen hei och déi Hëllef, déi se bräichten. Deemno wier den Encadrement mat aneren Offere koordinéiert, wéi dem Office social, Médecins du monde, der Stëmm vun der Strooss oder der Jugend- an Drogenhëllef. 2022 hätt d’Gemeng en Audit maache gelooss, fir dono déi sozial Déngschtleeschtungen besser ze koordinéieren.

En neit Gebai fir den Nuetsfoyer

An der Rue de la Fontaine, eng 200 Meter vum aktuellen Abrisud ewech, gëtt elo en Appartementshaus vu 4 Stäck amenagéiert. Hei wäert den Abrisud an Zukunft ënnerbruecht sinn. Direkt niewendrun entsti 4 Sozialwunnengen. D’Preparatiounsaarbechte lafe schonn. Fäerdeg soll dat Ganzt am September 2026 sinn.

Mam neie Projet gëtt d’Kapazitéit vun de Better op 31 eropgesat. Ma et wier net just eng Augmentatioun vun der Zuel vun de Better, betount den Architekt vun der Gemeng Esch Mirza Sahman. Och d’Surface gouf vu 500 op 1.200 Metercarré vergréissert. Den administrative Beräich gëtt méi grouss an déi sozial Aktivitéite kënnen esou och verbessert ginn. D’Nuetsrou wäert domat och besser ginn, well maximal dräi Leit an een Zëmmer kommen.

“D’Populatioun huet sech zum Deel verännert”, erkläert de Bruno Cavaleiro. Wou et fréier dacks eeler Leit gewiescht wieren, kéimen haut och emol Jonker, déi enger Aarbecht noginn, an e rouege Schlof bräichten.

Dat neit Gebai vum Abrisud wäert dann och komplett fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit accessibel ginn. Um Rez-de-chaussée ass ausserdeem eng Plaz virgesinn, wou d’Sans-abrien hir Déiere kënnen ënnerbréngen.

Entsprécht de Projet den aktuelle Besoinen?

“Eiser Meenung no jo”, ënnersträicht de Bruno Cavaleiro. Dass just d’Haaptstad an Esch en Nuetsfoyer hätten, wier en nationale Problem a kee lokalen. Esch géing schonn eng regional Roll bei der Sozialhëllef spillen. D’Stad Esch géing hir Verantwortung huelen. De Staat géing d’Gemeng zwar och lokal ënnerstëtzen, mä mat deem Budget kéim een och iergendwann u seng Limitten.

Back to Top
CIM LOGO