Gespaant stinn se do ze waarden. D’Lokomotiv ass prett. De wäissen Damp an der Loft – voller Virfreed fir nëmme séier séier bei den Här mam spatzen Hutt a wäisse Baart.
Déi meescht Kanner wëssen och scho genau, wat se vum Kleesche wëllen, fir datt och nëmme keng Konfusioun opkënnt.
Zanter 1998 geet et vu Péiteng mam traditionelle Zuch fir 20 Minutte an de Minett-Park, wou dann de Kleeschen op ee waart.
Olivier Broy, Chef de Gare – Fond de Gras: “Et ass natierlech ëmmer schéin ze gesinn, wann de Kleeschen an den Houseker laanscht kommen an d’Ae vun de Kanner richteg grouss opginn. Natierlech ass et och flott ze gesinn, wéi faszinéiert se vun den Damp-Zich sinn. Do ass et fir eis als Benevole flott ze gesinn, datt och eis Aarbecht valoriséiert gëtt a jiddereen duerno e flotten Dag huet.”
Nodeems een dann, wéi et sech gehéiert, vum Kleeschen um Quai empfaange gëtt, kritt een natierlech och eng Klengegkeet fir ze schneeken.
De Kleesche bestätegt, och dëst Joer hunn d’Majoritéit vun de Kanner sech geschéckt. Gutt, soss gëtt et och keng Titchen. Mee hei nach e puer Tipps vum Profi:
Kleeschen:“Am beschten ëmmer den Eltere gutt nolauschteren. An ëmmer d’Kummer schéi raumen. Soss muss den Houseker d’Spillsaachen nees siche kommen.”
D’Konditioune fir de 6. Dezember schénge jo mol optimal. A wie weess, mat e bësse Chance gëtt et jo vläicht nach e bësse Schnéi, fir um schoulfräien Dag och esou richteg ze profitéieren.