
Besonnesch schlëmm wier d'Situatioun an de Klinicken, heescht et an engem Communiqué. Do kéint et sinn, datt d'Zerwisser geschwënn net méi gutt funktionéieren. D'Situatioun wier dramatesch: eleng de leschte Mount hätte 5 fräischaffend Psychiateren decidéiert, fir mat hiren Aktivitéiten an engem Spidol opzehalen, just ee vun hinnen hätt dat aus Altersgrënn gemaach.
Zu gläicher Zäit hätte 5 Poste fir "assistants en psychiatrie" net kënne besat ginn, well keng Kandidaten do waren.
D'Ursaache fir d'Penurie wiere villfälteg. Ënner anerem wieren d'Aarbechtskonditioune fir d'Psychiateren an de Klinicke schwiereg. D'SLPPP verlaangt an deem Kontext séier Mesurë vun den zoustännegen Autoritéiten.