
Bannent den nächste 5 Joer sinn et nach emol knapp 20 Aarbechtsdokteren, déi an de Pensiounsalter kommen. Duerfir schätzt d’Santésministesch Martine Deprez och, datt bannent den nächsten 10 Joer op d’mannst 50 nei Aarbechtsmedezinner mussen ufänke mat schaffen, fir de Besoine gerecht ze ginn.
Nieft der Lutte géint d’Penurie vun de Medezinner an deem Domaine gëtt dann och aktuell iwwert d’Upasse vum legale Kader nogeduecht, notamment duerch d’Digitaliséierung vun de Prozesser. Déi meescht Aarbechtsmedezinner sinn a spezifeschen Zerwisser engagéiert, et schaffen der awer och bei der ADEM, der Direktioun vun der Santé an dem CGDIS.