OGBL an NGL-SnepEt gëtt e weidere Sozialplang bei FB Groupe

RTL Lëtzebuerg
Dat fir déi zweete Kéier bannent engem Joer, deelen d'Gewerkschaften OGBL an NGL-Snep mat.

D’Schreiwes um Mëttwoch ze Mëtteg.

D’Direktioun hat rezent annoncéiert 20 Leit wëllen ze entloossen. No den Negociatioune wieren et nach 15 Leit. Fir dës hätten eng Partie Indemnitéite kënnen ausgehandelt ginn. D’Entreprise, déi Bëtongsdalle mécht, war Ufank 2022 vum belsche Grupp Willy Naessens opkaaft ginn.

Et hätt een d’Zouso kritt, datt mam aktuelle Sozialplang garantéiert wier, datt déi 30 Mataarbechter, déi nach bei FB Groupe schaffen, hiren Job behalen.

Back to Top
CIM LOGO