Reouverture vun der WanteraktiounEt gëtt een net iwwerlaf, ma de Besoin besteet

Marc Hoscheid
Am Fong dauert d'Wanteraktioun vun der "ASBL Dräieck" vu Mëtt November bis Mëtt Abrëll.
© Marc Hoscheid

Ma well d’Temperaturen déi lescht Nuechten deels am negative Beräich louchen, gouf den Nuetsfoyer um Findel dës Woch rëm opgemaach. An och wann den Undrang net aussergewéinlech héich war, hunn awer eng Partie Leit vun der Offer profitéiert.

Reouverture vun der Wanteraktioun / Rep. Marc Hoscheid

Eng 100 bis 110 Leit haten an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch de Wee op de Findel fonnt. Domadder wier een definitiv net iwwerfuerdert gewiescht, esou déi Responsabel. Wat de Bilan vun der Period tëscht dem 15. November an dem 15. Abrëll ugeet, esou wier deen zwar nach net komplett, ma et wier een awer vill méi frequent gi wéi déi Saison virdrun. Am Januar a Mäerz war een zu 88 Prozent an am Februar esouguer zu 91 Prozent ausgelaascht. Enn Februar hätt een an enger Nuecht mat 300 Leit de Peak erreecht. Ma wat fir Leit kommen dann iwwerhaapt an de Foyer?

Ici on a toujours des profils très hétérogènes, très différents. Les personnes sont toujours en situation de précarité au niveau social. On a des gens, qui recherchent un logement, on a des gens qui recherchent un travail. On a des gens qui sont dans des situations avec des maladies chroniques, la santé mentale aussi est importante, les maladies psys. Voilà, on étudie toujours les profils au cas par cas.”, esou d’Cyrielle Chibaeff vun der Wanteraktioun.

24/04/2024 D’Wanteraktioun geet wéinst der Keelt weider

Wat d’Opdeelung no de Geschlechter ugeet, sou waren et an der leschter Saison 91 Prozent Männer. Ronn 10 Prozent vun de Leit, déi kommen, hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit. An éischter Linn geet et bei der Wanteraktioun dorëms, datt Leit ouni Dag iwwert dem Kapp iergendwou ënnerkommen, ma dat ass awer net alles.

Les situations de précarité nous impactent beaucoup, parce qu’on a aussi un service de suivi social. Quand les personnes on le besoin d’avoir un suivi social, donc ils ont le bénéfice d’un suivi. Mais on est sur des profils différents et variés avec des situations très différentes en fonction des personnes.

Am Moment ass geplangt, datt d’Wanteraktioun nach bis e Sonndeg leeft, well d’Wieder dono besser soll ginn. Et géing een d’Meteoprevisiounen awer am Bléck behalen an et kéint een de Foyer ouni Problem och länger ophalen. D’ASBL Dräieck regruppéiert d’Caritas, d’Rout Kräiz an Inter-Actions a schafft mam Familljeministère zesummen. Am Ganze si ronn 110 Benevollen am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO