Santésministesch confirméiertEt gi Probleemer an der Gouvernance vum Staatslabo zu Diddeleng

Roy Grotz
De Generaldirekter an d'Presidentin vum Conseil d'administration hunn allebéid gekënnegt.
© Domingos Oliveira

Nëmmen ee Mount no senger Nominatioun hat de Michel Toungouz Nevessignsky virun engem Mount vum Posten als Generaldirekter demissionéiert. Dat selwecht hat och d’Presidentin vum Conseil d’administration, d’Evelin Schröck, gemaach.

De Staatslabo selwer hat matgedeelt, datt elo eng nei Strategie an eng Reorganisatioun néideg wieren. Dat ënnert anerem och wéinst de laange Waardezäiten op Resultater vu Gen- a Kriibs-Analysen, Tester, bei deenen den LNS d’Exklusivitéit huet.

Wéi d’Martine Deprez preziséiert, wier d’strategesch Visioun vun der Evelin Schröck net op enger Linn mam Recht vum Verwaltungsrot, iwwerdeem och beim Direkter Nevessignsky séier kloer gi wier, datt hien net wollt zesumme mam Conseil d’administration un enger neier Strategie fir de Labo schaffen.

D’Ministesch kann iwwert déi weider Strategie an d’Reforme bannent dem LNS näischt weider soen, well dës nach am Ufanksstadium vum Plange wieren.

Dës Detailer gëtt d’Ministesch dem Diddelenger LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo, deen no den Demissioune beim LNS eng parlamentaresch Fro gestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO