
Op ee Joer gesinn ass et e Plus vun 2,9 Prozent. Déi Zuelen huet de Statec en Donneschdeg de Moie publizéiert. Weiderhin am stäerkste geklommen ass d’Unzuel vu Persounen, déi zwar hei am Land wunnen, allerdéngs keng EU-Bierger sinn. Aktuell schaffen eppes méi wéi 23.400 där sougenannten Non-Communautairen zu Lëtzebuerg.

Interessant och, dass den Ënnerscheed tëscht Residenten, déi schaffen, a Frontalieren ëmmer méi kleng gëtt. 251.708 Leit, déi hei schaffen, wunnen och zu Lëtzebuerg, géintiwwer 221.500 Grenzgänger.
Am meeschte gewuess bei der Main d’oeuve ass am éischten Trimester dëst Joer iwwerdeems mat engem Plus vun 3,9 Prozent de Finanz- an Assurancësecteur.