Take Off – D'Aventure geet weiderEt ginn nei Kandidate fir déi 2. Staffel gesicht

RTL Lëtzebuerg
An zwou Wochen ass jo schonn d'Finall vun der éischter Science Challenge Show zu Lëtzebuerg.
© FreelensTV/Brainplug

Wéinst dem grousse Succès vun der éischter Staffel, kann ee sech elo scho fir de Pre-Casting vun der zweeter Staffel umellen. Et muss een tëscht 15 an 21 Joer al an op enger Schoul zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn. Oder en Diplom vun enger Schoul hei am Land hunn. Weider Informatiounen an de Formular fir d’Aschreiwung fënnt een op www.takeoffshow.lu.

“Take Off – ScienceChallenge Show” ass eng gemeinsam Initiativ vun der André Losch Fondation an dem Fonds National de la Recherche. D’Sendung kënnt Sonndes op RTL, RTL Play an takeoffshow.lu.

Back to Top
CIM LOGO