Rued-Sir, Eeselbuer, Uewerdonwen an EttelbréckEt gouf an de leschte Stonnen e puer Mol am Land agebrach

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg sinn ënnert anerem dräi Persounen an een Eefamilljenhaus zu Rued-Sir agebrach.
© RTL Archiv

Wéi si gemierkt hunn, datt een doheem war, si se fortgelaf. Éischten Informatiounen no wier et hinnen awer gelonge Suen ze klauen.

Och zu Eeselbuer hunn Abriecher sech Zougang zu engem Eefamilljenhaus verschaf an e puer Schief duerchwullt. A béide Fäll konnten d’Täter bis ewell net fonnt ginn. D’Enquêtë lafen.

Um Weekend gouf och e puer mol an Autoen agebrach. Zu Uewerdonwen an zu Ettelbréck ass et Krimineller gelonge Suen aus engem Auto ze klauen. D’Police huet a béide Fäll Enquêten an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO