
Esou hat et den CSV-Deputé-Maire Marc Lies an engem internen Email un d’CSV-Sektioun geschriwwen, deen ee vu senge Kolleege public gemaach hat.
E Freideg de Mëtteg gouf sech wärend gutt 90 Minutte géigesäiteg Reprochë gemaach. Den CSV-Conseiller Georges Beck huet d’Oppositioun opgefuerdert, an Zukunft “proaktiv” matzeschaffen an net destruktiv. D’Oppositioun wier amgaangen, d’Gemeng no bausse futti ze maachen.
Duerno huet d’CSV-Schäffen Diane Adehm gesot, si hätt an hirer 20 Joer laanger Karriär op der Gemeng eréischt eng eenzeg Kéier erlieft, datt de Sall wärend engem Gemengerot esou voll gewiescht wier. Dat wier beim Vott vum PAG gewiescht.
Doropshin ass virun allem der grénger Fraktioun den Hutt héich gaangen.
D’Carole Goerens huet d’Fro an de Raum geworf, u wiem et da géif leien, datt et sou vill ëffentlechen Intressi un dëser Sëtzung géif an huet dobäi op de Mail vum Buergermeeschter Marc Lies ugespillt, an deem hien de grénge Conseiller Stephen de Ron “e Kallef” genannt huet.
Verschidde Membere vun der Oppositioun hu sech esou opgereegt, datt se wollten de Sall verloossen.
De Buergermeeschter huet sech fir seng Mail a seng Formulatiounen entschëllegt an et gouf op Propos vum Stephen de Ron hin decidéiert, eng Paus ze maachen, an där sech d’Gemidder berouegt hunn.
Kuerz no 16 Auer konnt du roueg a gedam weidergeschafft ginn.
De Punkt, dee fir Sträit gesuergt hat, war d’Feelverhale vun engem Beamten, dee seng Schaffstonne soll manipuléiert hunn. D’Gemeng huet unanime decidéiert, datt dat Feelverhalen och vun der Gemeng aus juristesch Konsequenze kritt a si sech Partie civile constituéiert.
Si fuerdert de Beamten och op, déi ronn 9.000 Euro, déi fir dës Schaffstonnen ze vill bezuelt goufen, ze rembourséieren.
Et geet ëm 144 Schaffstonnen. Also 3 Wochen an 3 Deeg.