Nott vum Statec an dem JustizministèreEt goufe rezent méi Faillitten awer däitlech manner Liquidatiounen

RTL Lëtzebuerg
Am drëtten Trimester goufen et am Verglach mam selwechten Zäitraum 2023 80% manner Entreprisen, déi no der Faillite och liquidéiert goufen.

40 Prozent vun dëse waren Holdingen a Fongen.

D’Faillitte goungen däitlech erop dëst Joer. 273 am drëtten Trimester dëst Joer géint 160 am selwechten Zäitraum zejoert. Och ouni d’Holdingen a Fongen ass et nach e Plus vu 60 Prozent.

Bannent den éischten néng Méint vun 2024 goufe knapps 2.400 Aarbechtsplazen duerch Faillitte verluer. Zejoert waren et der an der Period knapps 1.900.

No den Holdingen a Fongen ass de Bausecteur am meeschte vu Faillitten betraff.

Back to Top
CIM LOGO