D’Thema Atomenergie huet Sprengkraaft hei am Land. Déi Erfarung huet de Premier Luc Frieden gemaach, wéi hie viru kuerzem zu Bréissel sot, d’Regierung géif d’Thema Atomkraaft net ideologesch, mä zukunftsorientéiert ugoen. An eiser neier Serie iwwer d’nuklear Energie, beschäftege mir eis mat der Positioun vu Lëtzebuerg iwwer di lescht Joerzéngten. Ugangs de 70er-Jore lafen Iwwerleeunge fir zu Rëmerschen en Atomkraaftwierk ze bauen. De Choix fält deemools op de Site ronderëm d’Baggerweieren an den Haff Réimesch. Dat aus engem ganz praktesche Grond: Den Terrain huet der Société électrique de l’Our (SEO) gehéiert.
D’Iddi fir dëse e Projet gouf vun der deemoleger CSV-DP-Regierung lancéiert. No de Walen 1974 iwwerhëlt dann déi nei DP-LSAP-Regierung d’Pläng fir eng Atomzentral zu Rëmerschen ze bauen. Lëtzebuerg wär op eng autonom Energieproduktioun ugewisen, soss géingen 1980 hei am Land d’Luuchten ausgoen, esou d’Argument vun der Regierung.
Lëtzebuerg hat net de Knowhow fir esou eng Atomzentral ze bauen. An den Nopeschlänner huet een no engem Partner gesicht, de Choix ass um Enn op déi däitsch Entreprise RWE gefall.
1974 huet de Lëtzebuerger Staat zesumme mat RWE d’SENU gegrënnt, d’Société luxembourgeoise d’énergie nucléaire. D’Gesellschaft sollt de Projet a senger Entwécklungsphase begleeden an um Enn d’Atomzentral och bedreiwen.
Ronderëm d’Elisabeth Kox-Risch forméiert sech d’Biergerinitiative Museldall. D’Regierung ass iwwerrascht, datt de Géigner-Projet ëmmer méi Zoulaf kritt. Bal 4 Joer laang hu Privat-Organisatioune sech géint d’Atomzentral gewiert. Um Enn war et awer d’LSAP, déi op engem extraordinäre Kongress de Projet verhënnert huet.
Serie Atomenergie (Deel 3): Lëtzebuerg protestéiert géint Cattenom