Médecins du Monde"Et kommen ëmmer méi Patiente bei eis"

RTL Lëtzebuerg
Zejoert huet d’asbl 1.145 Patiente medezinesch betreit an et kommen ëmmer méi Persoune bei d'Doktere vun der Welt.
Médecins du monde: Jiddereen zu Lëtzebuerg soll kënne sozialverséchert ginn
Zejoert huet d’asbl 1.145 Patiente medezinesch betreit.

Dat ass de Constat vun der asbl Médecins du Monde, déi en Donneschdeg de Moien hire Rapport vun 2022 virgestallt huet, och ëmmer méi Fraen. Firwat des Hausse, wier schwéier soen, esou d’Generaldirektesch Sylvie Martin.

D’ONG assuréiert, souwäit wéi méiglech, d’medezinesch Betreiung vu Mënschen, déi net sozialverséchert sinn, a stéisst dobäi un hir Limitten. Virop wann et drëms geet, d’Leit bei der CUSS anzeschreiwen. Der “ouverture universelle des soins de santé”, engem Pilotprojet iwwer dee jiddereen, deen noweislech am Grand-Duché lieft, gesondheetsverséchert ka ginn. Eng Fuerderung, déi d’Doktere vun der Welt laang gestallt haten. Zejoert krut d’asbl Satisfaktioun vun der Politik. Si a 4 aner ONGen kënnen zanterhier Persounen ënner bestëmmte Krittäre fir d’CUSS aschreiwen. Just, datt médecins du monde elo mol opgehalen hunn domadder.

Administrativen Opwand fir CUSS ze grouss

Den administrativen Opwand wier ze grouss, erkläert de President Dr. Bernard Thill. Si hätten eng Assistante sociale gestallt kritt, fir d’Leit bei der CUSS anzeschreiwen. Dës misst net just ee mol de Mount all CUSS-Versécherte perséinlech gesinn, mee och d’Doktesch an Apdiktesch Rechnunge bezuelen, an duerno bei der Gesondheetskeess oder der Santé de Remboursement ufroen.

“Mir sinn obligéiert als ONG, di Leit dann och ze begleede bei entspriechend Dokteren. Dat mécht, datt mer esouvill Aktivitéit duerch di CUSS bäikruten, datt eng Assistante sociale net duergeet.”

Et wéilt ee lo mol den Encadrement vun deenen 68 Persounen assuréieren, déi aktuell ageschriwwe sinn. Eng Entrevue mam Gesondheetsministère a mam Ministère vun der Sozialversécherung wier fir den 10. Juli geplangt. Médecins du Monde halen awer weiderhin un der CUSS fest, fuerderen d’Politik op, se esou séier wéi méiglech iwwer eng gesetzlech Basis ofzesécheren. Ze grouss wär de Benefice vun der Preventioun.

Méi Strukture fir Krank Sans-abrien , och a CIPAen

Frou sinn d’Médecins du Monde iwwer de Projet Escale, deen zejoert zu Esch en neit Doheem krut. Hei komme Mënsche mat gesondheetleche Problemer ënner Daach, déi ze gutt si fir an d’Spidol, awer ze schlecht fir op der Strooss ze liewen.

Vun deenen 10 Better wieren der awer scho 4 besat vu Patienten, déi schonn aus der Struktur vu Weiler zum Tuer mat eriwwer geplënnert sinn. Leit, déi chronesch krank wieren, z.B. Sauertsoff bräichten. Si kéint een net no engem Joer einfach virun d’Dier setzen.

Fir an d’Escale era géif et schonn eng Waardelëscht. Médecins du Monde fuerderen de Gesondheetsministère op, fir eng zousätzlech Struktur ze schafen. Spezifesch fir Laangzäitpatiente mat chronesche Krankheeten. Ausserdeem sollte CIPAen eeler obdachlos Mënschen ophuelen. Wann all CIPA och just eng esou eng Persoun ophuele kéint, wär dat eng enorm Entlaaschtung, betount den Dr Thill.

Back to Top
CIM LOGO