Op d'mannst 530 Euro méiDen Zaldot soll hei am Land besser bezuelt ginn, et brauch een der och allgemeng méi

Carine Lemmer
D'Arméi soll och opgoe fir EU-Bierger, déi net hei am Land wunnen.
© Armée Luxembourgeoise

D’Arméi gëtt reforméiert. E ganze Mesurëpak gëtt et dofir. Se soll méi attraktiv ginn, den Zaldot besser bezuelt ginn an et brauch een allgemeng och méi Zaldoten.
D’Arméi soll deemno opgoe fir EU-Bierger, déi net hei am Land wunnen. Et brauch een allerdéngs den Niveau A2 am Lëtzebuergeschen an et muss een op d’mannst Franséisch oder Däitsch schwätzen.

E Mëttwoch ass an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwer d’Hausse vun de Paien a Primmen diskutéiert ginn.

D’Salairë fir d’Zaldote sollen ëm op d’mannst 530 Euro an d’Luucht goen. Aktuell verdéngt en Zaldot am Ufank nämlech just 2.166 Euro. Den net-qualifizéierte Mindestloun läit awer bei iwwer 2.700 Euro.

An der Chamberkommissioun ass och gefrot ginn, ob et net opportun wier, d’Zaldoten ze “fonctionariséieren”. D’Vertrieder vun der Defense hunn erkläert, datt dat keng Arméi géif maachen, well esou Asazbereetschaft géif verluer goen.

Back to Top
CIM LOGO