
Beim Ausbroch vun der Corona-Pandemie war den Dr. Thomas Dentzer als Virolog bei der Direktioun vun der Santé ugestallt. De Virolog huet mat un éischter Front un der Gestioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg geschafft.
An der Emissioun Invité vun der Redaktioun huet de Gérard Schockmel eng weider Kéier Kritik um sougenannte Large-Scale-Testing (LST) geäussert. D’Kritik, dass an der éischter Phas vum LST blann getest gouf, huet den Thomas Dentzer net gëlle gelooss.
D’Kritik, dass d’Ofstrécher am Hals gemaach goufen, kéint een zum Deel esou gëlle loossen, dass doduerch awer 80 Prozent falsch negativ wieren net.
“Also 80 Prozent ass elo mengen ech ganz, ganz wäit iwwerdriwwe vum Dokter Schockmel. Ech géif awer gär déi Studie gesinn, ausser et huet ee wierklech Blanner, déi net kënnen den Ofstréch huelen.”

De 29. Februar 2020 gouf zu Lëtzebuerg den éischte Corona-Fall confirméiert. Du wier eng intensiv Zäit fir déi Leit, déi am Ministère geschafft hunn, ugaangen.
“Ech sinn owes heemkomm, meng Kanner louche schonn am Bett an ech si moies gaangen, do ware se nach net op. Privat war et am Fong eppes, wou ech näischt matkritt hunn. Also mir ware wierklech vill Stonnen an der Villa Louvigny.”
Dacks gouf och an der Nuecht geschafft, ënnert anerem gouf do mat alle Mëttele versicht, Tester, Masken an anert medezinescht Material am asiatesche Raum ze kafen. Et wier vu groussem Virdeel gewiescht, dass d’Cargolux als Lëtzebuerger Acteur konnt an déi ganz Welt fléien.
“Du hues entweeder kaf oder du hues et stoe gelooss. An dat war wierklech eng spannend Zäit, déi net ëmmer einfach war. An dofir hu mer ganz vill Leit bei eis op Besuch gehat, mat verschiddene Kompetenzen, well Logistik war jo net d’Stäerkt vun der Santé.”

Zu Lëtzebuerg hätt ee vill richteg gemaach, och wann ee verschidde Saachen hätt kënnen anescht maachen. D’Regierung hätt dacks méi räsonabel Entscheedunge getraff wéi aner Länner, esou den Thomas Dentzer.
Research Luxembourg war den Zesummeschloss vu ganz ville Wëssenschaftler an Institutiounen. Reegelméisseg huet d’Covid-19-Task-Force Previsioune fir de Verlaf vun der Pandemie gemaach. Wann een haut op dës Zenarien zeréckkuckt, sinn dës net agetrueden.
“Jo, dat ass richteg a gottseidank net agetraff, well mer och Mesurë geholl hunn. Mä Dir hutt Recht, wann een esou extreem Saachen, wéi ech elo soen hat, do stierwen 2.000 Leit zu Lëtzebuerg déi nächst Woch, dat ass enorm, mä dat waren déi Worst-Case-Zenarien.”
Am Ufank hat ee wéineg Erfarung mat de neie Corona-Impfstoffer gehat, do hätt een op Basiswäerter vun aneren Impfstoffer zeréckgegraff. Wéi Effikass um Enn en Impfstoff ass, géif vu ville Facteuren ofhalen.
“Wann ee gesinn huet, wéi déi Leit intubéiert waren, da wollt natierlech keen an d’ Klinick kommen. Et sinn och manner Leit gestuerwen, ganz sécher duerch d’Impfung.”
Haut géif den Thomas Dentzer sech eng besser Kommunikatioun wënschen. Do virop, dass ee sech méi Zäit hëlt, fir de Leit d’Saachen ze erklären.
An zwee weideren Episode schwätze mir mam Deputéierte Gérard Schockmel (3.3.2025) a mat der deemoleger Gesondheetsministesch Paulette Lenert (5.3.2025).