“D’Musel verbënnt” a Rettungsasätz géingen och net un enger Lännergrenz Halt maachen. D’Läschboot gëtt am Kader vum europäeschen Interreg-Programm kaf. Et kënnen also och europäesch Gelder dofir ugefrot ginn. Wéini dat neit Boot soll do sinn, huet de Minister Gloden net präziséiert. Béid Inneministeren hu sech no den Aarbechtstreffen och de CNIS (Centre national d’incendie et de secours) ugekuckt. Zil vun der Visitt wier et, d’Ofleef an d’Zesummenaarbecht weider auszebauen.
De Léon Gloden an de Michael Ebling ware sech eens, dass och wann d’Zesummenaarbecht gutt géing fonctionéieren, et wichteg wier, ëmmer weider u Verbesserungen ze schaffen. Esou soll zum Beispill och e Grenzalarm-Plang ausgeschafft ginn, fir d’Leit am Fall vun enger Katastroph ze warnen. Besonnesch beim Héichwaasser am Ahrtal am Joer 2021 hätt sech gewisen, wéi wichteg eng séier Kommunikatioun ass. Deemools waren déi Lëtzebuerger Rettungsekippe mat 70 Leit op der Plaz an 12 Gefierer, fir den däitschen Noperen ze hëllefen. En Asaz, deen den Inneminister vu Rheinland Pfalz och nach gutt an Erënnerung huet. Och d’Leit hätten dëse Geste net vergiess, esou de Michael Ebling am RTL-Interview.
Fir d’Zesummenaarbecht weider ze verbesseren, wier et och wichteg, d’Grenzkontrollen ofzeschafen, déi vum däitsche Bundesinneministère agefouert goufen, fir géint déi illegal Immigratioun virzegoen. Béid Ministeren Ebling a Gloden hu sech awer zouversiichtlech gewisen, dass dës Kontrollen an noer Zukunft en Enn solle fannen. Esou Kontrolle géingen net an eis Zäit passen, huet och den Inneminister vu Rheinland-Pfalz ervirgestrach.