Europäesche GeriichtshaffEtappevictoire vun der Regierung an der Steierverwaltung am Fall Amazon

RTL Lëtzebuerg
Der Avocate générale Juliane Kokott no hat d’EU-Kommissioun Onrecht.

Dat wéi si 2017 decidéiert hat, de Steier-Ruling, deen d’Steierverwaltung Amazon accordéiert hat, wier eng illegal Staatsbäihëllef en Faveur vun der Online-Firma.

Si hat ordonéiert, Amazon misst 250 Milliounen Euro Steieren mat Zënsen zu Lëtzebuerg nobezuelen. Dee Ruling huet erlaabt, datt eng Amazon-Firma zu Lëtzebuerg enger anerer héich Lizenzkäschten a Rechnung gestallt huet. Doduerch sinn d’Beneficer bei där Firma erofgaangen a si huet manner Kierperschaftssteier bezuelt.

Lëtzebuerg an Amazon haten d’Decisioun vun den europäesche Konkurrenzautoritéiten ugefecht. Si haten 2021 och an éischter Instanz um Kierchbierg Recht kritt. Doropshin war d’Kommissioun an Appell gaangen.

D’Juliane Kokott seet an hire Conclusiounen, d’EU-Kommissioun hätt eng falsch Grondlag benotzt, fir ze berechnen, ob Amazon ze mann Steiere bezuelt hätt. D’Kommissioun hat d’Krittäre vun der OECD benotzt, wärend se sech hätt missen op d’Lëtzebuerger Steierrecht baséieren, déi zu deem Moment keng explizitt Referenz op der OECD hir Reegele gemaach hunn. Ausserdeem wier och no OECD-Reegelen net gewisen, datt d’Lëtzebuerger Steierverwaltung eng falsch Method agesat hätt, heescht an de Conclusiounen.

Zanterhier huet déi international Steierlandschaft staark evaluéiert a Lëtzebuerg applizéiert d’OECD-Standarden. An deene meeschte Fäll suivéiert d’Cour d’Conclusioune vum Avocat général.

Back to Top
CIM LOGO