Den Dossier - Deels schockant BillerEttelbrécker Schluechthaus mécht Dieren op fir eng RTL-Ekipp

Monique Kater
Nom massiven Corona-Ausbroch an däitsche Schluechthaiser hat een zu Ettelbréck déi lescht Woch gesot, datt dëst hei am Land net de Fall wier.
Dossier Schluechthaus
OPGEPASST DEELS SCHOCKANT BILLER - E Schluechthaus mécht seng Dieren op, weist der Kamera de leschte Wee vum Déier - vum Auslueden un, bis zum Schluss.

Mir ginn Iech en Abléck hannert d'Kulissen vun engem Schluechthaus, dat zu Ettelbréck.

Warnung: Biller kënne schockéieren.

E Schluechthaus mécht seng Dieren op, weist der Kamera de leschte Wee vum Déier - vum Auslueden un, bis zum Schluss. Reegelméisseg kéime Klassen aus der Akerbauschoul heihinner kucken. Déi lescht Etapp vun der Fleeschproduktioun.
De Respekt virum Déier, de "Bien-être animal" misst bis iwwert den Doud eraus gëllen. Ugefaange beim Bauer, bis bei deen dee schluecht. An dofir géifen et och Formatiounen. Keng Diskussioun, dass dat puer Theorie ass.

Et géif wat d'Déiden ugeet zeg Sécherheetsbarrièren, seet d'Veterinärsinspektioun, alles anescht wier eng Katastroph.

Back to Top
CIM LOGO