DP-Slogan fir d'Europawalen"Europa. Stäerken, wat eis schützt."

Jeannot Ries
Mat deem Slogan geet d'DP an d'Europawalen den 9. Juni. Dat gouf e Samschdeg um Parteikongress zu Leideleng annoncéiert.
DP-Slogan fir d'Europawalen: "Europa. Stäerken, wat eis schützt."
Mat deem Slogan geet d’DP an d’Europawalen den 9. Juni. Dat gouf e Samschdeg um Parteikongress zu Leideleng annoncéiert.

De Vizepremier Xavier Bettel huet ënnerstrach, datt ee sech de Projet Europa net vu Rietsextrem géif ''versaue’’ loossen.

Zwee Sëtz vu 6 huet d’DP zu Stroossbuerg, respektiv Bréissel ze verdeedegen. Fir déi Liberal gëtt et just ee Wee fir all d’Erausfuerderungen, déi d’Leit den Ament beschäftegen, mat Erfolleg unzegoen: wann een an Europa Problemer zesummen upéckt.

“Et geet ëm d’Mënschen. Et geet drëm, fir e selbstbestëmmt an e gutt Liewen ze féieren. Et geet drëms d’Mënschen ze stäerken. Mee wann een de Bléck eng Kéier méi wäit gehäit, gesäit ee leider, dass et a ganz villen Deeler op dëser Welt net drëms geet, d’Mënschen ze stäerken. Mee mir mussen d’Bierger stäerken, well nëmmen esou kënne mer d’Erausfuerderungen, virun deene mir elo stinn, meeschteren”, sou d’Co-Spëtzekandidatin Amela Skenderovic.

D’Erausfuerderunge wiere kloer de Klimawandel, deen elo och bei eis ze spiere wier. Och eis Sécherheet wier duerch de russeschen Ugrëffskrich a Gefor. All d’Länner an Europa géifen e séiere gesellschaftleche Wandel erliewen, deen d’Leit veronséchert. Den Ëmfeld, an deem Lëtzebuerg just staark wier, wann Europa staark ass. D’DP steet kloer hannert dem Projet EU, och wann net alles perfekt ass. Och wa Reforme scho virun dësen Europawalen hätte kënnen an d’Hand geholl ginn.

Fir den zweete Co-Spëtzekandidat Charles Goerens sinn et schonn déi 10. Europawalen:

“Am beschte fonctionéiere mer a Krisenzäiten. Mee wa keng Krisenzäiten do sinn, a mir hoffe jo och, dass d’Krisenzäite mat normalen Zäite kënnen alternéieren, dann hoffe mer, dass an deenen normalen Zäiten d’Europäesch Unioun och funktiounsfäeg ass. Dass se dann amstand ass, déi Kompetenzen, déi am Vertrag ageschriwwe sinn, zügeg duerchzesetzen. Soulaang wéi mer dat net hunn, hu mer e Problem vu Leadership.”

Sech de Projet Europa net vu Rietsextrem ''versaue’’ loossen

Gewarnt huet de Vizepremier Xavier Bettel en vue vum 9. Juni virum Rietsextremismus. D’Wieler sollte gutt iwwerleeën, wa se hiert Kräiz maachen. D’Geschicht géif et weisen, den Adolf Hitler hätt de Pouvoir net geholl, e wier gewielt ginn.

“E Front national, éischt Partei a Frankräich. Eng FPÖ, éischt Partei an Éisträich. De Gert Wilders, éischt Partei an Holland. E Vlams-Blang, éischt Partei an der Belsch. Chega, ënnert deenen dräi éischte Parteien a Portugal. Vox ënnert deenen dräi éischte Parteien a Spuenien. An ech kéint esou weiderfueren.”

Hu mer vergiess, wat Extremismus bruecht huet?

Hie wier frou, datt d’DP scho virun dëse Wale kloer seet, datt een ni mat deene Parteien zesummeschaffe géif, déi hire Succès opbauen, andeem se Leit deelen, Leit stigmatiséieren. Sou de Xavier Bettel weider. Bei anere Parteie wier dat net esou kloer, wéi eng Allianze sech nom 9. Juni am Europaparlament bilden.

National, well een d’Leit bei der Diskussioun iwwer Energietransitioun mathuelen, begleeden. Hinne kéng Angscht maache mat Verbuet. Europa- an Nationalpolitik wieren enk matenee verknëppt. An op nationalem Plang hätt een direkt ugerappt, wéi d’Regierung bis stoung, huet den DP-President Lex Delles gemengt. Mat Bléck op d’Energiepolitik huet hien ënnerstrach, datt een de Leit net alles verbidden dierft, mee se mathuele misst. Mat Bléck op d’Diskussioun ronderëm d’Positioun vu Lëtzebuerg bei der Atomenergie konnt de Lex Delles sech iwwerdeems eng kleng Pick a Richtung vum Premier Luc Frieden net verbäissen.

Iwwerhaapt waren den Defi vum Klimawiessel an déi domat direkt verbonnen Energietransitioun e Samschdeg de Moien en Thema, wat sech wéi e roude Fuedem duerch de Kongress gezunn huet. Och am Nationalen Deeg, wou de Parteipresident a Wirtschaftsminister Lex Delles kloer ënnerstrach huet, et misst een d’Leit um Wee vun der Transitioun mathuelen, an op kee Fall hinnen Angscht maachen. Hei well DP séier néi Weeër virschloen.

“D’Subventioune si ganz gutt. Mee si mussen awer dozou féieren, dass mer d’Leit kënne mathuelen an déi Transitioun. Dofir ass den Tiers-payant eng vun de Prioritéiten, déi mer och nach virum Summer wëlle presentéieren. Den Tiers-payant, dass also de Staat direkt d’Subventioun dem Betrib gëtt an den Delta dovunner just nach muss vum Stot un de Betrib bezuelt ginn. Dat sinn effikass Mesuren, wou de Staat schnell an einfach kann an der Transitioun hëllefen”, sou de Lex Delles.

De Lex Delles

Den DP-Walprogramm ëmfaasst 11 Haaptpunkten, dorënner eng Wirtschaft an eng Sozialpolitik am Déngscht vum Bierger, eng gemeinsam Agrarpolitik an eng nei Migratiounspolitik.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der DP

Back to Top
CIM LOGO