
Dës Ännerunge géifen dozou féieren, dass ënnert dem Virwand vun der Flexibilitéit wichteg ekologesch Virgaben an der Landwirtschaft opgehuewe ginn, kritiséiert de MouvEco. D’Europadeputéiert vun CSV an DP, déi fir d’Ännerunge gestëmmt hunn, hätten also hiren Accord fir weider Verschlechterunge vun der EU-Agrarpolitik ginn, sou d’Ëmwelt-Associatioun.
Just de Marc Angel (LSAP) an d’Tilly Metz (déi Gréng) hunn dogéint gestëmmt. Déi aner Lëtzebuerger EU-Deputéiert (Martine Kemp, Isabel Wiseler, Charel Goerens a Monica Semedo) dofir.
Dem Mouvement écologique no wäert et der CSV, der DP a Fokus schwéier falen, am Europawalkampf ze behaapten, se géinge sech fir méi Naturschutz asetzen.