
Wou déi kleng Dier um grousse groe Gebai vum Centre pénitentaire d’Uerschterhaff e Mëttwoch de Moien um 9 Auer opgaangen ass, war d’Stëmmung gutt. 40 Magistrate konnten nees hir Fräiheet genéissen.
Am ganze ware 50 Leit - d’Vertrieder vum Parquet général, den zwee Parqueten an de Geriichter, nieft Fonctionnairen aus dem Justizministère a vun der Prisongsverwaltung - fir 22 Stonnen agespaart. Ouni Handy, Internet oder Kontakt zu der Baussewelt. Ënner reelle Konditioune sollte si gewuer ginn, wat et heescht, agespaart ze sinn, zemol d’Magistraten, déi d’Decisioun huelen, wa Leit an Untersuchungshaft mussen.
“Et war eng flott Experienz”, seet d’Martine Solovieff, Procureur général d’Etat. Eemol fir ze wëssen, wat et heescht, agespaart ze sinn, awer och wéinst dem Austausch, deen een hat. Besonnesch imponéiert huet der Magistratin dann d’Geräisch vum Schlëssel am Schlass, wann d’Dier zougeet, an ee weess, datt een agespaart ass.
D’Untersuchungshäftlinge fir een Dag hunn dann en normalen Dagesoflaf matgemaach. Geschlof gouf an Eenzelzellen, déi all rudimentär equipéiert sinn, ma awer och eng Tëlee mat 120 Programmer hunn. Gestéiert huet d’Procureur da just, datt een néirens eng Auer hätt, ausser et géing een d’Tëlee umaachen. E jonke Riichter fënnt, d’Bett wier zwar e bëssi haart gewiescht, mä soss wier schonn alles ok gewiescht.
Och d’Christine Goy Generalsekretärin beim Justizministère war beim Experiment dobäi. Hir gouf bewosst, wéi wichteg de Sport am Prisong wier. “Dat ass den eenzege Moment, bei deem ee sech wierklech fräi fillt”, seet si. “Méi nach wéi beim Ausgang an den Haff.”
De Prisong fir männlech Beschëllegter, déi an Untersuchungshaft sinn, soll de 5. Dezember opgoen. 400 Persoune kënnen dann do ënnerbruecht ginn. Fir den Direkter vum Centre pénitentiaire, de Jeff Schmit, war d’Experiment dann och vu grousser Wichtegkeet. Ënnerschiddlech Prozesser konnten nach optimiséiert ginn. Zum Beispill wann en Alarm geet, wou genau deen da misst ze héiere sinn. Vun de Prévenuë vun e Mëttwoch huet de Jeff Schmit e gutt Bild: “Se hu sech all virbildlech beholl”.
Zu Haren an der Belsch hate sech virun e puer Wochen 55 Riichter a Procureure och fräiwëlleg an engem Prisong aspäre gelooss, fir selwer ze spieren, wéi dat ass.