
Doraus geet ervir, dass mer et mat iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen ze dinn haten dëse Summer. Laanscht d'Musel an am Süde vum Land +1,6 Grad an am Éislek +1,3 Grad.
Enn Juni, ëm de 25. Juli an Enn August war d'Wieder vun 3 Hëtztwellen dominéiert. Zu Steesel gouf souguer en Temperaturrekord vu 40,8°C gemooss.
Neien offiziellen Temperaturrekord: En Donneschdeg waren et 40,8 Grad zu SteeselDen 9. August ass d'Regioun ronderëm Péiteng vun engem Tornado getraff ginn, deen immens vill Schued hannerlooss huet.
Tornado: 19 Verwonnter, dorënner eng Persoun kritesch; 160 Haiser beschiedegtDe Reendefizit war am stäerksten ze spieren am Zentrum vum Land, méi genee zu Ueschdref, mat engem Minus vun 102mm Néierschlag.

D'Wiederdate stamen aus engem Reseau vun 32 Wiederstatiounen aus alle Regioune vum Grand-Duché.
D'Wäerter vun dësem Joer vun de 4 representative Statiounen zu Aasselbur (Norden), Kënzeg (Süd-Westen), Réimech (Museldall) a Gréiwemaacher (Museldall) goufe mat den Duerchschnëttswäerter vun de Referenzperioden 1981-2010 verglach. D'Duerchschnëttstemperaturen loungen op alle 4 Statiounen iwwert de komplette Summer iwwert de Wäerter vun de Referenzperioden... mol méi, mol manner vill.
De 25. Juli goufen op allen 32 Statiounen am Land Temperature vun iwwer 35°C gemooss an op 4 Statioune souguer iwwer 40°C. De Maximum loung wéi gesot zu Steesel bei 40,8°C, wat gläichbedeitend mat engem neie Rekord ass, zanter d'Temperaturen opgezeechent ginn (1838).
Déi héich Temperaturen hunn ëmmer fir labil Loftmasse gesuergt, duerch déi et lokal zu Donnerwieder komm ass. Den 18. Juni koum et am Nordwesten dowéinst och zu Schauere mat Knëppelsteng an den 9. August huet sech en Tornado vun der Kategorie F2 am Südweste gebilt.
Wat den Néierschlag ugeet, do loungen d'Wäerter am Summer 2019 am ganze Land ënner der Moyenne. Dat huet dozou gefouert, dass d'Biedem extrem ausgedréchent sinn.
Landwirtschaft: Dréchent mécht de Baueren deels Problemer

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.