Mann festgehollFall vun haislecher Gewalt zu Esch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg krut d'Police e Fall vun haislecher Gewalt zu Esch gemellt.
© TT News Agency via AFP / TT NEWS AGENCY / FREDRIK SANDBERG

E Mann soll hei handgräiflech géintiwwer senger Partnerin gi sinn. D’Police konnt béid Persounen untreffen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl anhie muss sech och vu senger Partnerin ewechhalen.

Wéinst Verstouss géint Wegweisung - Weidere Mann festgeholl

E Mëttwoch am Nomëtteg gouf e Mann gemellt, dee sech an engem Eefamilljenhaus zu Uespelt géif ophalen, woumat en awer géint e Geriichtsurteel verstousse géif.

Eng Policepatrull konnt de Mann dann och kuerz drop net wäit ewech untreffen. Am Kader vun der Enquête huet sech erausgestallt, dass hien och schonn den Dag virdrun onerlaabterweis géint d’Expulsioun verstouss hat. De Parquet gouf informéiert, wouropshin de Verdächtege festgeholl gouf. En hat en Donneschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO