
Ee Chauffer hat eng Luucht ze pake kritt, huet säin accidentéierte Won stoe gelooss a goung ze Fouss weider. Eng Patrull konnt de Mann e wéineg méi spéit erëmfannen a mat op de Büro bréngen. De Mann hat keng Droge geholl oder Alkohol gedronk, ma hien hat kee gültege Permis.
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf kuerz no 2 Auer een Accident an der Rue de Buerden zu Waarken gemellt, wou een alkoholiséierte Chauffer an ee geparkten Auto gerannt war. Ee Fuerverbuet gouf decidéiert. Du gouf festgestallt, datt de Mann schonn esou engem Verbuet ënnerlouch. Och d’Pabeiere vun der Assurance a vun der technescher Kontroll waren ofgelaf. De Won gouf saiséiert.