Dat, fir dass den TGV vu Paräis iwwer d’Gare bis op de Findel ka kommen.
De Projet gouf vum deemolegen Transportminister Henri Grethen duerchgeboxt. No de Wale vun 2004 gëtt de Lucien Lux neien Transportminister. De fréiere “Cheminot” ënnerstëtzt de Projet Zuch-Tram. D’Aarbechte fänken 2008 un, goufen awer no de Wale vun 2009 vum neien Transportminister Claude Wiseler gestoppt. Der Junker-Asselborn-Regierung waren d’Käschte vun 1,5 Milliarden € vum Projet “Zuch-Tram” ze héich. Ob dat eng politesch Ofrechnung oder eng
180-Grad-Kéier vun der CSV war, ass net gewosst. Nëmme 35 Milliounen Euro goufen ewell an de Réibau vun der 700 Meter laanger Gare investéiert. Nëmme kann een hei soen, well d’Gare mam Parking zesumme gebaut gouf. Wier dat net de Fall gewiescht, wieren d’Käschte weesentlech méi héich ginn.
D’Entrée vum Tunnel gëtt zougeschott, d’Gare bleift verlooss. Et gëtt no alle méigleche Léisunge gesicht, fir eng nei Affektatioun vun der Zuchgare ze fannen.
De Parking erweidere stellt sech als ze deier an net rentabel eraus.
No de Wale vum Oktober 2013 iwwerhëlt de François Bausch de Ressort vum Transportministère. Hien entwéckelt e Projet, fir der “Gare Findel” eng nei Perspektiv ze bidden. De risegen Tunnel kéint als Data-Zenter ëmfunktionéiert ginn. Eng ënnerierdesch Gare bitt genuch kill Temperaturen, fir en Data-Zenter ënnerzebréngen an d’Hëtzt vun de Server-Raim kéint een notzen, fir d’Aerogare am Wanter ze wiermen. Eng gutt Iddi, déi allerdéngs net opgeet. Auslännesch Interessente schätzen de Standuert Fluchhafen als strategesch ze onsécher an. De Bausch-Projet geet net op.
Bleift nach d’Fro, ob een d’Zuchgare net als Tramsgare kéint tarnen? Dës Fro awer war och séier vun de Schinnen, well d’Investissement fir d’Gare fäerdeg ze bauen, mat allen techneschen Installatiounen a mat allen neie Sécherheetsoplagen, e sou vill Mol méi héich wär wéi den Arrêt vum Tram baussen hin ze maachen, mat 2 einfache Quaien an 2 klengen Haisercher. Och hei geet d’Rechnung net op!
Et gëtt am Moment keng Léisung, fir der Gare eng nei Affektatioun ze ginn. Läit et u schlechtem Wëlle vun der Politik oder feelt et u gudden Iddien? D’Phantom-Gare ënner dem Findel bleift den Ament zou a Perspektivë ginn et der am Moment keng.