
D'Martine Hansen fuerdert séier a flexibel Mesuren, fir d’Produktioun an d’Liewensmëttelsécherheet an Europa ze garantéieren. Lëtzebuerg setzt dobäi ënner anerem op ëmweltfrëndlech Düngermethoden.
En anert Thema war d’Kennzeechnung vun der Hierkonft vu Liewensmëttel. D’Martine Hansen ënnerstëtzt e klore Label "EU / non-EU", fir de Konsumente méi Transparenz ze ginn an europäesch Produzenten ze stäerken.
Och den ugespaante Marché vun der Mëllech war um Dënschdeg Sujet zu Bréissel. Trotz héijer Produktioun falen d’Präisser fir d’Produzenten. Lëtzebuerg wëllt d’Situatioun genee analyséieren an eventuell eng fräiwëlleg Reduktioun vun de Liwwerunge préiwen.