
En Dënschdeg si mer an zwou Reportagen op d'Geschicht vu Lëtzebuerger an der Waffen-SS agaangen. Den Auteur vum entspriechende Buch huet fir seng Recherchen op Dokumenter aus dem Nationalarchiv zeréckgegraff a war eegenen Aussoen no positiv iwwerrascht, wéi onkomplizéiert dat ofgelaf ass. Ma wéi ass den Zougank zu sou Dokumenter genee gereegelt?
"Wann ech déi Recherche viru 5 Joer gemaach hätt, da wier et vill méi komplizéiert gewiescht", dat seet op alle Fall den Hobbyhistoriker Georges Even, deen d'Geschicht vu Lëtzebuerger an der Waffen-SS opgeschafft huet. Hien huet sech an éischter Linn op d'Akte vun de Prozesser gestäipt, déi gréisstendeels tëscht 1945 an 1950 gefouert goufen. Datt hie vergläichsweis liicht un d'Informatioune komm ass, huet awer net domadder ze doen, datt eppes um Archivgesetz aus dem Joer 2018 - dat an dësem Fall spillt - geännert hätt, mee domadder, datt d'Verjärungsfristen zu engem gudden Deel ofgelaf waren. Déi Responsabel vun der Section contemporaine am Nationalarchiv Corinne Schroeder erkläert, wéi déi Friste genee ausgesinn.
"Zum enge 50 Joer Instances juridictionnelles, well et ebe Prozesser sinn, déi viru Geriichter gefouert gi sinn. An zum aneren natierlech den Dateschutz, deen op zwou Manéiere ka gerechent ginn. Dat geet eng Kéier vum Stierfdatum vum Täter aus, an dësem Fall also vum Kollaborateur, an do kommen nach 25 Joer drop oder wann de Stierfdatum net bekannt ass, da komme 75 Joer op de rezentsten Dokumentendatum an engem Dossier drop."
Dem Georges Even no sinn d'Prozessakten erstaunlech komplett a liwweren ee gudden Iwwerbléck iwwert déi ganz Enquête. Et fënnt een doranner zum Beispill och Fotoen oder Postkaarten, déi d'Membere vun der Waffen-SS aus Däitschland heem bei hir Familljen op Lëtzebuerg geschéckt hunn. De Georges Even nennt a sengem Buch ëmmer "just" de Virnumm an den éischte Buschtaf vum Nonumm. Theoretesch hätt hien awer an deene meeschte Fäll dee ganzen Numm kënnen nennen, well wann d'Verjärungsfrist bis ofgelaf ass, kënnen all d'Informatiounen an Dokumenter aus dem Dossier ouni Beschränkunge publizéiert ginn. Dat erkläert der Corinne Schroeder no dann och déi laang Verjärungsfristen.
"D'Iwwerleeung ass zum enge fir ze soen, d'Victimme musse geschützt ginn, d'Täter natierlech och, respektiv d'Nokomme vun den Täter. A sou Prozessakten dierf een och d'Temoinen net vergiessen, et si jo och ganz vill Temoignagë gesammelt ginn, besonnesch bei de Kollaboratiounsprozesser an et kann ee sech net virstellen, wat do heiansdo alles op d'Tapéit kënnt, mat wéi engen Accusatiounen d'Leit kommen an ech ka mer virstellen, datt dat heiansdo fir d'Nokommen net evident ass." Trotzdeem gëtt aktuell dorunner geschafft, d'Fristen ze verkierzen. Wéi wäit se erofgesat kéinte ginn, ass awer nach net kloer, d'Corinne Schroeder schwätzt vun engem "klenge Geste". Verschidde sensibel Donnéeë bräichten einfach een adequate Schutz, zum Beispill wann et ëm Mineure geet.

Ma och wann eng Frist nach gëllt, kann ee se mat enger Derogatioun ëmgoen. Dofir mussen zwee Krittären erfëllt sinn, dat ass zum engen, datt een d'Informatioune fir eng wëssenschaftlech Aarbecht braucht."Dat ass eng relativ breet gefächert Definitioun, do muss een am Fong geholl erklären, wat ee mat der Aarbecht maache wëllt, wéi d'Methodologie ass, wat d'Resultat vun där Aarbecht soll sinn, soll et ee Buch sinn, soll et een Artikel sinn, eng Konferenz a sou weider a sou fort. An zum aneren een Intérêt public, dat léisst sech dorunner moossen, datt ee kuckt, wat sinn déi Froen, déi am Moment an der Gesellschaft debattéiert ginn oder déi eng gewëssen Aktualitéit hunn."
Ob eng Derogatioun accordéiert gëtt, entscheet net d'Nationalarchiv, mee déi zoustänneg Administratioun, am Fall vun de Prozessakten de Parquet, dee wier och normalerweis zimmlech kulant. An deem Fall dierf een d'Dokumenter zwar an d'Nationalarchiv kucke goen, et dierf ee se awer net reproduzéieren. De Formulaire fir eng Derogatioun unzefroen, fënnt een op myguichet.lu
Wann een als Privatpersoun nach Dokumenter aus der Zäit vum Zweete Weltkrich huet a se gäre wëllt ofginn, dann ass d'Nationalarchiv iwwregens gäre Preneur.