
Wéi et vum CGDIS heescht, huet Verpackungsmaterial gebrannt.
D’Strooss op der Héicht vum Haus Nr. 82 war wéinst dem Asaz vun de Pompjeeë gespaart.
De CGDIS huet e Freideg de Moie kuerz no 11 Auer nach en Accident tëscht zwee Autoen an der Route d’Arlon um Belair gemellt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Op der A13 a Richtung Schengen koum et um 14.36 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion. Och hei gouf et ee Blesséierten.