CGDISFënnef Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg gouf et géint 1 Auer een Accident an der Rue du Lycée zu Réiden.

En Automobilist war an e Bam gerannt. Dräi Persoune goufe blesséiert.

De Méindeg de Moie géint 5.15 Auer gouf et an der Stad an der Escher Strooss een Accident, wou en Auto op d’Kopp gaangen ass. Eng Persoun ass verwonnt ginn an de Samu war op der Plaz.

Kuerz viru 6 Auer de Moie gouf et an der Rue Marie Curie zu Esch nach eng Accident. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO