
Um Escher Boulevard J.F. Kennedy hat d’Police an der Nuecht op e Samschdeg e Gefier entdeckt, deem säi Moteur gelaf war an och d’Luuchten unhat. De Chauffer war net am Auto, ma konnt kuerz duerno ugetraff ginn.
An der selwechter Nuecht gouf op der N6 vum Wandhaff a Richtung Stengefort en Auto gestoppt, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. D’Gefier konnt zu Stengefort gestoppt ginn.
Zu Diddeleng gouf am fréie Samschdegmoien e Chauffer an der Lëtzebuerger Strooss dobäi erwëscht, wéi hien amgaange war, matzen op d’Strooss ze urinéieren. Säi Gefier och op der Strooss, dat mat oppener Dier. Och hien hat däitlech Unzeeche vu staarkem Alkoholkonsum opgewisen.
Zu Fréiseng krut d’Police och e Samschdegmoien en Automobilist gemellt, dee bei enger rouder Luucht hannert dem Steier ageschlof war an dunn a Schlaangelinnen a Richtung Alzeng ënnerwee war.
Nach e Chauffer, deen hannert dem Volant geschlof hat, gouf zu Mamer gemellt, dat an der Areler Strooss.
An all de Fäll goufen Alkoholtester gemaach, déi positiv ausgefall sinn, sou datt och all Chauffer säi Fürerschäin huet mussen ofginn.