D’Gewerkschaftler hate sech fir hire Protestpiquet virum Sëtz vum Investitiounsfong "Advent International" an der Uewerstad getraff. Manifestéiert gouf géint déi geplangten Acquisitioun vum däitsche Lift-Hiersteller TK Elevator duerch déi finnesch Firma Kone. D'Aktioun war Deel vun engem internationale Protestdag mat Aktiounen an Europa, den USA a Südkorea. D'Employéë weltwäit hunn Angscht viru Restrukturéierungen a kritiséieren e Manktem un Transparenz.
Déi geplangten Transaktioun huet e Wäert vu bal 30 Milliarden Euro. Eng Zomm, déi liicht iwwert dem Lëtzebuerger Staatsbudget läit. Fir d’Investitiounsfongen Advent International a Cinven ass et e Milliardegeschäft. Si haten TK Elevator 2020 fir ronn 17 Milliarden Euro kaaft a géifen d’Firma elo mat engem gudde Gewënn weiderverkafen.
Esou Fonge funktionéieren nom Prinzip vum Private Equity. Entreprisë ginn opkaaft, méi rentabel gemaach an no e puer Joer erëm verkaaft. Dat geschitt heefeg iwwer Restrukturéierungen, Käschte-Reduktiounen an Effizienz-Programmer. Gewerkschafte kritiséieren awer, dass bei esou Modeller sozial Konsequenzen dacks an den Hannergrond géinge geroden.
Genee dës Suerge stinn och elo am Raum. Kone huet nämlech ugekënnegt, duerch den Deal 700 Milliounen Euro u Synergien ze spueren. Fir Gewerkschaften ass dat e Warnsignal. „Synergien, dat heescht ëmmer Plazenofbau“, fäert den OGBL-Zentralsekretär adjoint Joe Gomes. Iergendwou op der ganzer Welt géingen ëmmer Leit hier Aarbecht verléieren.
Bei TK Elevator fillt ee sech iwwergaangen. De Markus Josten, President vun der Personaldelegatioun bei TK Elevator, seet, d'Mataarbechter hätten eigentlech just domat gerechent, dass de Betrib un d'Bourse géing goen. “Ons gouf den Deal mat Kone kuerzfristeg matgedeelt, mee ouni dass den Opsiichtsrot informéiert war”, betount hien. Bis haut hätt ee keng Äntwerte kritt, wat mat de verschiddene Standuerter, mat de Wierker oder mam Personal passéiere géing.
Hei am Land schaffe ronn 50 Leit fir TK Elevator. Wéinst den Zerwisser, déi hei sinn, gëtt awer net mat enger grousser Entloossungswell gerechent. De Markus Jost schléisst awer net aus, dass och hei eenzel administrativ Poste verschwanne kéinten. Mee méi grouss wier d’Suerg ëm international Standuerter a Fabricken, ënner anerem a Spuenien, Däitschland oder a Südkorea.
Am Fall vun enger Synergie fuerdert den OGBL Garantien. An zwar méi Transparenz, sozial Ofsécherungen an Accorden iwwert Standuert- a Beschäftegungssécherung. Et géing nämlech hei net just ëm Sue goen, sou de Joe Gomes, mee ëm Mënschen an hier Familljen.