Drogen ofgeschléckt Festnam vu presuméierten Drogendealer an der Stad

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Police ënnert anerem e Mann op der Stater Gare kontrolléiert, bei deem de Verdacht bestoung, dass et en Drogendealer wier.
© RTL Archiv

Bei der Kontroll konnten dunn ënnert anerem Drogen, Boergeld a Pefferspray séchergestallt ginn. De Parquet gouf informéiert an huet d’Festnam vum Täter ordonéiert. E Mëttwoch de Muere koum de Mann virun den Untersuchungsriichter.

Am Kader vun enger Kontroll en Dënschdeg den Owend, dat och op der Stater Gare, hu Beamte vun der Police verdächteg Schléckbeweegunge bei engem Mann konnten observéieren. Well de Verdacht bestoung, dass hien Drogen ofgeschléckt kéint hunn, koum de Mann an eng Scanner-Ënnersichung. Dës ass positiv verlaf. Och hie koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO